Témoignage vum Christiane, dem Loris seng Mamm 2.12.2011
Eigentlech gèif ech jo lèiwer nët hei stoen , an eigentlech hät ech jo am lèifsten d’ALAN nie kennegelèiert a wèilt och net lo mussen een témoignage hei fir den Téléton machen, well dat jo bedeit dass ech ee Kand mat spezielle Problemer , Händicäp oder Krankheet hun .
Wèi de Loris zwee Joer âl wär si mir gewuer gin dass hien eng selte geeneetesch Krankheet hät . ATAXIE TéLANGIECTASIE . Mir hun deemols genau esou domm drageckuckt wèi dir elo .
Well d’Lëtzebuerger jo sou Velosbegeeschtert sinn wöll ech probèieren Iech dem Loris sài Liewenswee anhand vun Etappen duerzestellen . Jidder Kand möcht eenzel Etappe mat : vun der Gebuert ,iwert goe können , schwätze lèieren , an d’Spillschoull , an d’Grondschoul , an ee Lycée , ob eng Arbechtsplatz asw. ze kommen .
D’Gebuert als 1. Etapp haate mir gudd iwerstaan . Wèi de Loris ugefaang huet mat goen huet dunn den Dokter Diagnose gestallt . Fir d’goen huet dat geheecht ,dass de Loris zwär goe lèiert mee et duerno rëm verlèiert. Daat heecht dèi Etapp huet normal ugefaang , fir dann ëmmer mèi lues ze goen a fir schlussendlech vum Velo rofzeklammen an de Rollstull. Mam ravitaillement hannendrun sin d’Kiné , d’Ergo , d’Reittherapeuten an d’ Psychomotricienne gefuer .
Fir d’Etapp vum schwätze lèiere wär et ähnlech. De Loris lèiert zwär schwätzen mee d’ Sprooch göt mat der Zäit mèi ondäitlech . Dèi Etapp ass also och normal gestart fir dann mèi lues mat Paveesteng önnerwee weiderzegoen . Am Auto , als Önnerstetzung firt d’ Ortophonistin hannendrun .
Virun der Etapp vun der Spillschoul a Grondschoul stunge vill Froen dèi keen am Virfeld konnt beäntwerten . Ass et dèi richteg Entscheedung ?Wien hölleft him ? Ass d’Lèierpersonal bereet ob sou eng Erausfuerderung anzegoen ? Mecht d’ Gemeng hieren Deel fir d’Schoul fir de Loris accessibel ze machen ? Wien bezillt deen extra’en Stull deen de Loris brauch fir anstänneg ze setzen ?
Dat heecht mir hun schon de col de la madeleine erklomm wèi die aaner gemitlech ob der Startlinn stungen an mat Freed ob de 15. September fir d’Rentree gewärt hun . Mir haaten d’Chance eng gudd Equipe vun SREA Leit , Lèierpersonal , Buergermeechter a Fleegeversecherung hannert eis ze hunn dèi einfach gemach hun dass d’Rad ronn gedrèit huet .
Dèi selwecht Chance haate mir mam choix vum Nordstadtlycée wou de Loris de Moment ob 9ième modulaire ass . Och do ass direction vun der Schoul , de Reegent an Srea Leit mat an den Auto geklomm an hun eis d’Bierger rop an eroof begleed .
Net mèi spèit wèi gechter huet de Loris eng nächst Etapp ugaang. Hien huet ee Stage an engem Atelier protégé ugefaang . No der 9ième musse mir fir hien ee Patron fannen wou hien eng Lèier ka machen oder eben een Atelier protégé wou hien a sengem Rhythmus eng zefriddestellend Arbecht ka machen a sech doduerch wèi bis elo als bösse mèi normal ville kann. Am Moment lèit also d’Alpe d’Huez virun eis . A wèi ech eis kennen ……..
Dat hèiert sech alles vlàicht trotzdeem lo sou einfach un ,mee ouni sou Organisatiounen wèi d’ALAN ,wou een fir all Probleemer en Uspriechpartner fönd , wou een aaner betraffe Leit a Kanner ka kennelèieren , hätte mir villäicht önnerwee de Velo oder de Rollstull un den Nol gehaang an d’Bierger net gepackt .
Mee virun allem wöll ech awer haut net d’Coureuren , an dësem Fall dèi betraffe Kanner vergiessen . Sie musse sech all Dag der Erausfuederung stellen , vun hierem Publikum , Iech de Spectateuren , bekuckt ze ginn . Ob sie ee Fleck am Gesiicht hun wèi d’Lynn oder am Rollstull setze wèi de Loris . Sou Deeg wèi haut droen derzou bei dass de Publikum besser versteed waat sie fir Ustrengunge musse bewältege fir dèi eenzel Etappen ze packen . Ech bewonneren de Loris oft an hien brengt mech ömmer erëm un d’staunen . Mat sengem Eiergäiz , senger Duerchsetzungskraft a sengem positiven Optrieden ass hien fir mech deen eenzege richtegen Leopard am Rollstull .




