Home > Actions précédentes > Spass a Spill fir d’ganz Famill den 18.9.2010

Ganz nom Motto Spill a Spaass fir d’ganz Famill goufen zu Housen Suen gesammelt fir den Téléthon. Am Asaz waren ënner anerem den Trial Club Warken, den Thierry Mersch an d’Schoulkanner vun Housen aus dem 2. an 3. Cycle, d’Elwener Jugendmusek, d’Pompjeeën vun Housen, den FC Orania vun Veianen, d’ALAN, d’Basketnationaltrainer Mark van Schutterhoef, Thierry Kremer an Jean-Marie Jaeger,  d’Maryse Brack fir facepainting, den Marionnettentheater Tuutebatti, d’Jeéërfederation mat hirem mobilen Léierpad, d’Iesele fir ze raiden an natierlech all Benevoler vun de Lions an de Soroptimist. Fir Iessen a Gedrénks haten de Marc Arend an de Lucien Reuter gesuecht. Merci nach eng Kéier un jiddereen well duerch är Hëllef gouf dësen Dag zu engem eemolegen Erliefnis.