Home > Témoignages > Témoignage

Ech héeschen Nathalie Scheer, a sin 34 Joer aal. Am dem Joer 2000 hun Dokteren eng Sclerose latérale amyotrophique bei mir diagnostizeiert.

Ech kann den Owend net perseinlech hei sin, sin awer ganz frouh dass ech Geleegenheet krut fir Iech kennen matzedeelen wat des Krankheet fir mech perseinlech awer och fir meng Famill bedeit.

Ech well net iwwert deen medezineschen oder kiirperlechen Aspekt schwetzen, mee virun allem iwwert den moraleschen an sozialen Aspekt.

Meng Mamm huet opgehaale mat schaffen fir de ganzen Daag kennen bei mir, an eiser Duechter ze sin. Meng Schweierelteren kemmeren sech em all d’Emgereits wei akafen goen, d’Wäsch machen an eis Duechter iwerall hinzefeieren. Main Mann géet schaffen an mecht all de Rescht.

Des Equipenaarbecht huet eis erlaabt als Famill zesummenzebleiwen. Lues a lues sin mir awer, mam Verlaaf vun der Krankheet op engem Punkt ukomm, wou et ouni extern Hellef net mei ze maache war. Ech hat dei grouss Chance datt mir an gudden Zaiten eis een klenge finanzielle Polster ugelouscht haaten, fir dei Zait ze iwwerbrecken bis mir giengen Hellef kreien. Esou haaten mir eis dat emol geduecht. Dir kennt ierch net virstellen weivill Kraft, Zait an Energie et kascht fir Hellef vun engem System ze kreien deen esou eng Situatioun net virgesinn huet. Kraft an Zait, dei eis awer gefehlt huet, an dei mir op aaneren Plaazen mei sennvoll agesaat haetten. Wann et dann nach ee Resultat hätt, dann wär et jo an der Reih. Meng Famill ass an där Zait baal ausernee gebrach. Dei kiirperlech an moralesch Belaaschtung fir mech, awer och fir meng Famill, dei mir dei noutwenneg 24 Stonnen-Betreiung garanteiert, ass enorm.

Eise choix, fir mech doheem ze versuergen an als Famill zesummenzebleiwen, get vun eis alleguer gedroen. Mir sin alleguer bereed fir grouss Efforen dofir ze maachen, awer mir brauchen och Hellef fir all dei finanziell an organisatoresch Probleemer, dei esou eng Entscheedung mat sech brengt, ze bewältegen. Weivill Familjen dierften, wie mir, dei Freed an denen klenge Momenter vum Alldaag geneissen. Weivill Kranker oder Leit mat Handicap kinnten vum enormen Benefice profiteieren, déen et mat sech brengt, wann eng Persoun an würdegen Konditiounen doheem versuergt get.

Natiirlech ass d’Familjeliewen net mei wei virdrun. Mir drai sin souzesoen nie alleng, dei Damen, dei mir fir d’Nuetswaach an och emmer mei fir am Daag vun engageierten Leit vermettelt kruuten, sin awer esou diskret, datt mir net d’Gefill hun, wei wann sie eis geinge steieren. Am Geigendeel, mat der Hellef vun desen Vertrauenspersounen, kennt d’Stemmung bei eis doheem lues a lues erem zur Rouh, an mir fänken un iwwert de Bierg vun organisatoreschen an vielleicht och finanzielle Probleemer ze gesin.

Ee Grond dofir ass och d’Hellef an d’Ennerstetzung vun der ALAN. Si hun eis emmer nogelauschtert, hun d’Problemer vun eiser Decisioun fir mech doheem ze versuergen direkt erkannt, an si hun eist d’Bemeihen em Hellef koordonneiert an zu engem groussen Deel iwwerholl.

Ech well ee konkret Beispill vun der Ennerstetzung vun der ALAN gin. Ech kann nemmen nach ganz schlecht schwetzen. Domadder war d’Kommunikatioun mat aussenstehenden Persounen inexistent, an mat menger Famill belaascht. Matt mir ze kommunizeieren war opwenneg, uschtrengend an nemmen op dat noutwennegst beschränkt. Mir hun all ennert der Distanz, dei duerch dei vill falsch verstaanen Situatiounen an dat wat net konnt gesoot gin, gelidden.

D’ALAN hun sech drem gekemmert, datt ech seier een Kommunikatiounscomputer geing kreien, mat déem ech och dese Breif geschriwwen hun.

Et ass eng nei Qualiteit vun Liewen, eng nei Digniteit, wat mir, wat ech, geschenkt kruut.

Villmolls Merci! Haalt wann-ech-geliwwt net op mat hellefen, well et gin nach vill aaner Leit, dei wei ech op vill Ennerstetzung ugewise sin.

Dir Damen an Dir Herren, erlaabt mir wann-ech-gliwt, nach e puer Wuert drun ze hänken.

Meng Fra huet dese Breif virun engem decke Mount geschriwwen. An der Teschenzait sin awer menger Schweiermamm hir Gelenker akkut esou entzündt, Sie huet Poliarthritis, datt mir nach zousätzlech Hellef am Daag brauchen. Meng Schweiermamm kritt d’Nathalie net mei gehuewen, am Bett gedreint an esou weider. Well mir eng aaner Ganzdaagshellef awer net mei bezuele kennen, probeiere mir eben d’Zait teschent deene verschiddenen Intervenanen esou gudd ewei meiglech ze iwwerbrecken. Dat geet awer och nemmen wann naischt Onerwaartenes dozweschend kennt. Mir mierken all Daag opp een neis, datt mir opp eisem Wee fir iwert den Bierg ze kommen emmer erem, op nei an onerwaachten Situatiounen stoussen an dei mir irgendwei meeschteren mussen. Betreiung vun enger kranker an pflegebedürfteger Persoun muss ganz flexibel sin an bleiwen, an des Betreiung muss een och emmer ouni greisseren Opwand un nei Situatiounen adapteieren können. Esou sin mir opp Persounen ugewisen, dei sech ganz an voll investeieren, Persounen, denen Nathalie blann vertrauen kann, an dei an schweieren Situatiounen een kaalen Kapp behaalen an die wessen waat vun Fall zu Fall ze machen ass.

Wann een wei mir, an eiser klenger Famill d’Entscheedung geholl huet fir d’Nathalie bei eiss doheem ze hun, fir zesummen een scheint Familienliewen kénnen ze erhaalen, sou well ech awer och nach betounen dat et ouni een Patron deen Verständnis fir esou eng net alldäglech Situation huet, net geet.

Ech hun d’Chance bei esou engem Patron ze schaffen, bei der CFL.

Vun Ufang hun hatten de President vum Conseil d’Administration, d’Generaldirektioun, d’ressources humaines, all meng Arbeschtskollegen an –kolleginnen an d’Gewerkschaften, Verständnis fir eis Situatioun, an iwerall krouten mir Ennerstetzung. Dofir soen mir merci an wenschen jidfer helefsbedürfteger Persoun vill Courage, Ennerstetzung an een Patron mat Hierz.

Eiser Ménung no geseit een d’Greisst vun engem Land net nemmen un sengem groussen  Reichtum, mee virun allem un der Art a Weis wéi daat Land sein Reichtum benotzt.

Dir Damen an Dir Häeren, ech soen iech alleguer Merci fir är Obmierksamkeet.